

Camionette
- Soll an der Woch vum 28/01 bis
02/02 beim Faber gespretzt gin. Soubal dat gemeet ass feieren den Georges
an den Camille d'Camionette bei den Yves an den Heischtergronn. Den Yves
prépareiert d'Bannenanriichtung nom Plang mam Crescht.
- Leit déi sollen Hellefen
: Yves, Alain, Frentz, Georges, Crescht + aaner .
T-Car 205 GTI
- An der Woch vum 28/01 bis den
02/02 soll dem Georges seng Garage färdeg gin (unstreichen an raumen).
- Den Georges contacteiert den
Pol an den Camille fir den 205 färdeg ze machen. 2 bis 3 Owender missten
durgoen. (révisioun + Funck an bauen)
Saxo
- Den waissen ungemeldten Saxo
PG 606 ass en Samsden den 26/01/02 bei P.H. SPORT op Chalindrey gefouert
gin vum Piwi an dem Georges. Piwi,Georges + Guy mussen nach eng keier zesummen
kucken laut Devis wat genau ze machen ass an PH.SPORT bescheed soen per
Fax fir détail ännerungen. Den 27/02 kreien mir den Auto cléf
en main zreck (wann alles riicht leeft). Faarw: waiss.
Versammelung
-Normalerweis ginn mir jo all Donneschdes
geint 20.00 Auer an den Café am Duerf zu Feelen een huelen. Mir
gesinn eis do fir iwwert allerhand ze schwätzen, ze laachen, ann esou
mann ewei meiglech ze kraischen.
- Mir mussen awer onbedingt am
Februar eng kleng versammelung ofhaalen fir all dei Leit dei an irgendenger
Form wellen hellefen. Dofir scheckt w.e.g. dem Piwi alleguer är donnéen,
tel. adress, e-mail etc.etc. fir eng exact Lescht kennen ze machen fir
jiddereen.
Georges Riwers (alias Piwi) 22,bd. G-D. Charlotte L-9024 Ettelbruck Tel. + Fax : 81 30 90, Bur.: 81 62 26-54 e-mail: griwers@pt.lu
Kalenner Challenge
02 - 03 März 2002 Rallye
de la Wark (Rallyezentrum: Mertzig bei Ettelbreck)
-Am Prinzip fueren mir en net mat.
En zielt net zu eisem Championnat. Dese Rallye keint höchstens interessant
gin als 0 Auto fir eischt erfahrungen ze sammelen. Hängt och dofunner
of op den Circuit des Ardennes gefuer get oder net.
16 - 17 März 2002 Circuit
des Ardennes (Rallyezentrum: Dinant)
- Normalerweis den eischten Laaf
zum Citroen Saxo Challenge. Den Organisator stecht awer an Finanziell schlechten
Dicher.
Reglement Particulier an Timing:
Nach net disponibel.
06 - 07 Abrell 2002 Tour de Luxembourg
(Rallyezentrum: Glacis an der Staad)
- Keng Etappen mei am Norden vum
Land. D'Etappen geifen gefuer gin zweschen der Staad an Ettelbreck.
Reglement Particulier an Timing:
Nach net disponibel.
04 - 05 Mee 2002 Rallye de Wallonie
(Rallyezentrum: Jambes bei Namur)
- Scheinen Rallye ronderem d'Citadelle
vun Namur.
Reglement Particulier an Timing:
Nach net disponibel.
28 - 29 - 30 Juni 2002 Belgian
Ypres Westhoek Rallye (Rallyezentrum: Ypres)
- EM laaf coefficient 20. Opgepasst:
desen Laaf geet iwer 3 Deeg. Freides 6 Specialen Samsdes 11 an Sonndes
moies 4 Specialen. Donneschdes schons Contrôle Technique.
Fir dei Leit dei Congé mussen
oder wellen huelen: Meindes ass Feierdaag(National feierdaag ass Sonndes)
: also mat 4 Congésdeeg kann een eng ganz Woch frei kreien.
Reglement Particulier an Timing:
Nach net disponibel.
07 - 08 September 2002 Omloop
van Vlaanderen (Rallyezentrum: Roeselaere oder Roulers op FR)
- Geraad ewei Ypres flaachen Terrain
ann vill deif Waassergrief.
Reglement Particulier an Timing:
Nach net disponibel.
09 - 10 November 2002 Rallye
du Condroz (Rallyezentrum: Huy)
- Super Rallye an leschten Laaf
fir den Challenge. Elo reischt get ofgerechent.
Reglement Particulier an Timing:
Nach net disponibel.